1
Prager Manifest vun der Beweegung fir d’international Sprooch Esperanto / 国際語エスペラント運動に関するプラハ宣言 — на люксэмбурскай і японскай мовах

Люксэмбурска-японская кніга-білінгва

Prager Manifest vun der Beweegung fir d’international Sprooch Esperanto

国際語エスペラント運動に関するプラハ宣言

Mir, d’Mêmberën vun der weltwäiter Beweegung fir d’Verbreedung vum Esperanto, riichten dëse Manifest un alleguerte Regiirungen, international Organisatiounen, a Mënschen vu guddem Wëllen, deeklaréieren eise feste Wellen, fir weider fir déi Ziler ze schaffen, déi hei ausgedréckt gin, a luede jiddereng eenzel Organisatioun a jiddereen eenzelne Mënsch an, séch eisem Bestriewen unzeschléissen.

私たち、エスペラントの発展のための世界的な運動に加わる者たちは、この宣言をすべての政府、国際組織および良心ある人々に対して送り、ここに表明された目標に向けて私たちが不退転の決意をもって活動し続けることを宣言するとともに、それぞれの組織と個人とが私たちのこの努力に加わるよう呼びかける。

1887 als en Entworf fir eng Hëllefssprooch fir d’international Kommunikatioun lancéiert, huet séch d’Esperanto séier zu enger lieweger an nuanceräicher Sprooch entwéckelt an erfëllt schons zanter méi ewéi engem Jorhonnert d’Fonktioun, Mënschen iwwert all sproochléch a kulturell Barrièren eweg matenaner ze verbannen. Andärbaants hun d’Ziler vu sénge Spriecher nët u Wichtegkeet an Aktualitéit verluer. Weder de weltwäite Gebräuch vun e puer nationale Sproochen, nach d’ Fortschrëtter vun der Kommunikatiounstechnik, nach d’Entdeckung vun neien Methode vum Sproochënnerriicht wäerte wouerschéngerléch déijéineg Prinziper verwierkléchen, déi mir als wiesentléch fir eng gerecht an effikass Sproochenuerdnung ugesinn.

エスペラントは、1887年に国際的コミュニケーションのための補助言語案として提唱された後、生命力と表現力に富んだ言語へと速やかな発達を遂げ、すでに一世紀以上にわたって言語と文化の壁を越えて人々を結びつける働きを果たしてきた。エスペラントの使用者たちが目指してきた理想は今なお重要性と現代的意義を失っていない。私たちは公正で効果的な言語秩序のためには以下に述べる原則が必須であると考えるが、いずれかの民族語を世界語として使用しても、また今後いかに通信技術が進歩し、新しい言語教育法が開発されるにしても、これらの原則を実現することはできないであろう。

1. Demokratie

1. 民主性

E Sisteem vun der Kommunikatioun, deen e Liewe laang gewësse Mënschen privilegiéiert, mee vun anere verlanngt, datt se Joren un Ustrengungen investeiéren, fir e méi héigen Sproochniwwo ze erreechen, ass grondsätzléch ondemokratësch. Obwuel d’Esperanto, wéi jiddfereng Sprooch, nët perfekt ass, sou ass et dach jiddferenger Alternativ an der Sfär vun enger egalitärer weltwäiter Kommunikatoun iwwerleën.

あるコミュニケーションのしくみが、特定の人々には一生涯の特権を与える一方で、他の人々にはより低い段階の能力の獲得にさえ多年の努力をつぎ込むよう求めるなら、それは根本において反民主的なものである。エスペラントは、他の言語と同様に、完全ではないが、平等な全世界的コミュニケーションという領域では、どの競合する言語に比べてもはるかにまさっている。

Mir affirrméieren dat sproochléch Ongläichheet kommunikativ Ongläichheet op jiddferengem Niwwo no séch zitt, dën internationale mat abegraff. Mir sin eng Beweegung fir demokratësch Kommunikatioun.

言語の不平等は、国際レベルを含めたあらゆるレベルにおいて、コミュニケーションの不平等を生み出すものであると、私たちは主張する。私たちの運動は民主的なコミュニケーションを目指すものである。

2. Transnational Edukatioun

2. 民族性を超えた教育

Jiddfereng ethnësch Sprooch as mat enger bestëmmter Kultur an Natioun bzw. Grupp vun Natiounen verbonnen. Zum Beispill léiert e Schüler, deen Englësch studéiert, eppes iwwert d’Kultur, Geografie an d’Politik vun den englëschsproochege Länner, virun allem de Vereenegte Staaten a Grossbritannien. De Schüler, deen Esperanto léiert, get dogéint eppes iwwer eng Welt ouni Grenzen gewuer, an däer séch jiddferee Land als Heemécht presentéiert.

民族語はそれぞれ特定の文化・国家と結びついている。例えば、英語を学習する生徒は英語圏の諸国、特にアメリカ合衆国とイギリスの文化・地理・政治について学ぶことになる。それに対してエスペラントを学習する生徒は、国境のない世界について学ぶのであって、そこではどの国も故国と見なされる。

Mir affirméieren, datt d’Edukatioun an irgendenger ethnëscher Sprooch un eng bestëmmten Weltusiicht gebonnen ass. Mir sin eng Beweegung fir eng transnational Edukatioun.

いずれの民族語を用いた教育も特定の世界観に結びついていると、私たちは主張する。私たちの運動は民族性を超えた教育を目指すものである。

3. Pedagogësch Effikassitéit

3. 教育上の効果

Nëmmen e klenge Prozentsaz vun deenen, déi eng friem Sprooch léieren, meeschterën se. Esperanto kann ee esouguer da komplett beherrschen, wann een ët fir séch selwer léiert. Verschidde Studie berichten iwwer propedeutësch Effetën fir d’Erléieren vun anere Sproochen. D’Esperanto gët och als en zentrale Bestanddeel a Coursën, déi d’Sproochebewosstsin bei Schüler favoriséiere sollen, rekommandéiert.

外国語を学習する人の中で、それを習得できる人の割合はごく低い。それに対してエスペラントの習得は独習によっても可能であり、他の言語を学ぶための予備的学習としての効果についてもさまざまな研究報告がある。また、生徒の言語意識を高めるための教科においてエスペラントを中核に位置づけるよう勧める声もある。

Mir affirméieren, datt d’Schwiiregkeet vun ethnësche Sproochen emmer en Hënnernës fir vill Schüler wäert duerstellen, ofwuel duvunner profitéiere giffen, eng zweet Sprooch ze kënnen. Mir sin eng Beweegung fir ën effikasse Sproochenënnerriicht.

民族語の学習は難しく、第二言語の知識があればそれによって益を受けるはずの多くの学習者にとって常に障害となり続けるであろうと、私たちは主張する。私たちの運動は効果的な言語教育を目指すものである。

4. Méisproochegkeet

4. 多言語性

D’Esperantogemeinschaft as eng vun deene wéinege weltwäite Sproochkommunautéiten, däeren hir Spriecher ouni Ekzeptioun zwee- oder méisproocheg sin. Jiddferee M%ember vun der Kommunautéit huet d’Aufgab op séch geholl, wéngstens eng friem Sprooch bis zu deem Niwwo ze léieren, wou en et flëissend schwätze kann. A ville Fäll féiert dat zu engem Wëssen iwwer an zu enger Léift fir weider Sproochen an allgemeng zu engem gréissere perséinléchen Horizont.

エスペラントの共同体は、その構成員が例外なく二つ以上の言語を話すという、世界的規模の言語共同体としては数少ない例の一つである。構成員はそれぞれ、少なくとも一つの非母語を会話のできる程度まで学ぶことを自己に課している。多くの場合、このことは複数の言語に対する知識と愛着をもたらし、ひいてはその人の視野をより広くすることにつながっている。

Mir affirméieren, datt d’Spriecher vun alle Sproochen, grousser a klenger, eng reell Chance mussen hun, séch eng zweet Sprooch bis zu engem héigen kommunikativen Niwwo unzëegnen. Mir sin erzg Beweegung, déi dofir antrëtt, datt dëi Chance, offréiert gët.

どの言語の話し手にも、その言語の大小を問わず、コミュニケーションが可能な高い水準まで第二言語を習得する現実的な機会が与えられていてしかるべきだと、私たちは主張する。私たちの運動はその機会を提供するものである。

5. Sproochléch Rechter

5. 言語上の権利

D’ongläich Machtverdeelung, tëscht de Sproochen ass e Rezept fir eng konstant sproochléch Onsécherheet, oder direkt sproochléch Ënnerdréckung, bei enger grousser Partie vun der Weltpopulatioun. An der Esperantogemeinschaft kommen d’Mêmbëren vu klengen a groussen, offiziellen an nëtoffizielle Sproochen op engem neutralen Terrain zesummen, wat engem géigesäitege Wëllen zum Kompromëss ze verdanken ass. Esou e Gläichgewiicht tëscht sproochléche Rechter a Fliichten liwwert en Ulass, fir aner Léisungen vun der sproochlécher Ongläichheet an de sproochléche Konflikter ze entwéckelen an ze bewäerten.

言語間に力の不平等があることは、世界の大部分の人々にとって、言語的な危機感をもたらし、ときには直接の言語的抑圧となっている。エスペラントの共同体では、母語の大小や公用・非公用を問わず、互いの寛容の精神によって、中立の場に集っている。このような言語における権利と責任の間のバランスは、言語の不平等や紛争に対する新しい解決策を進展させ評価するための先例となるものである。

Mir affirmeiéren, datt déi grouss Machtënnerscheeder tëscht de Sproochen d’Garantien vun der Gläichbehandlung vun de Mëschen onofängeg vun hirer Sprooch, sou wéi se an esou villen internationalen Dokumenter ausgedréckt si gin, ennerhielegen.

いずれの言語にも平等な取り扱いを保証する旨が多くの国際的文書に表明されているが、言語間の力の大きな格差はその保証を危うくするものであると、私たちは主張する。私たちの運動は言語上の権利の保証を目指すものである。

6. Sproochléch Diversitéit

6. 言語の多様性

Déi national Regiirungen tendéieren dozou, déi grouss Diversitéit vun de Sproochen an der Welt als eng Barrière fir d’Kommunikatioun an d’Entwécklung unzegesin. Fir d’Esperantogemeinschaft awer ass d’sproochléch Diversitéit eng permanent an onverzichtbar Quell vu Räichtum. Folgléch ass jiddfereng Sprooch, wéi jiddfereng Zort vu Liewewiesen, e Wäert u séch a wiirdeg, protegéiert an ënnerstëtzt ze gin.

諸国の政府は往々にして世界における言語の多様性をコミュニケーションと社会発展にとっての障害とみなしがちである。しかし、エスペラントの共同体にとっては、言語の多様性は尽きることなく欠くことのできない豊かさの源泉である。したがって、それぞれの言語はあらゆる生物種と同様にそれ自身すでに価値があり、保護し維持するに値するものである。

Mir affirméieren, datt d’Politik vun der Kommunikatioun an der Entwécklung d’Majoritéit vun de Sproochen an der Welt zum Ausstierwe veruurteelt, wann se nët op dem Respekt virun, an der ënnerstëtzung vun, alle Sproochen gegrënnt ass. Mir sin eng Beweegung fir sproochléch Diversitéit.

もしコミュニケーションと発展に関する政策がすべての言語の尊重と支持に基礎を置くものでないならば、それは世界の大多数の言語に死を宣告するものであると、私たちは主張する。私たちの運動は言語の多様性を目指すものである。

7. Mënschléch Emanzipatioun

7. 人間の解放

Jiddfereng Sprooch befreit séng Spriecher an hält se gefangen, andeem se hinnen d’Fähegkeet gët, ënnert séch ze kommunizéieren, awer d’Kommunikatioun mat anere verspäert. Geplangt als en universellt Kommunikatiounsmëttel, as d’Esperanto ee vun deene grousse Projetën vun der mënschlécher Emanzipatioun, déi fonktionéieren — e Projet, jiddferengem Mënsch ët ze erméigléchen, als Individuum un der Gemeinschaft vun der Mënschheet deelzehuelen — fest verwuerzelt a sénger lokaler kultureller a sproochlécher Identitéit, mee nët vun hir ageschränkt.

いかなる言語も、その使用者間のコミュニケーションを可能にすることによって人々を自由にしている一方で、他の人々とのコミュニケーションを阻害することによって不自由にもしている。全世界的なコミュニケーションの道具として立案されたエスペラントは、人間解放の大きな実際的事業の一つである。すなわち、すべての人が各自の地域文化や言語的独自性にしっかりと根ざしていながらそれに制約されず、人類の共同体にその一員として参加することを可能にする事業なのである。

Mir affirméieren, datt dën ausschliissléche Gebräuch vun nationale Sproochen onweigerléch Barrièren géint d’Fräiheete vun der Meenungsäusserung, der Kommunikatioun an der Verrsammlung opriicht. Mir sin eng Beweegung fir d’mënschléch Emauzipatioun.

数ヶ国の民族語のみを使うことは自己表現やコミュニケーション、連帯の自由に対する障害となることが避けられないと、私たちは主張する。私たちの運動は人間の解放を目指すものである。

Prago, jul. 1996

Prago, jul. 1996

Рэклама